Pressekonferenz vum Lex Delles, Franz Fayot a Georges Engel (25.01.2022)
Pressekonferenz vum Georges Engel a Franz Fayot iwwert déi aktuell Situatioun an déi zukünfteg Konditioune vum Chômage partiel
Säit Ufank 2020 huet de Staat iwwer 800 Milliounen Euro fir de Chômage partiel ausginn, déi wichtegst Mesure fir d’Entreprisen an hir Salariéen, déi vun der COVID-19-Kris getraff goufen, z‘ënnerstëtzen.
No der nächster Reunioun vum Konjunkturcomité de 25. Januar maachen d’Ministere Fayot an Engel op enger Pressekonferenz de dot iwwert déi aktuell Situatioun vum Chômage partiel a presentéieren d’Konditioune vun der Applikatioun an den nächste Méint.
De Minister fir Mëttelstand Lex Delles mécht de dot iwwert d’Hëllefen a presentéiert déi zukünfteg Konditioune vun der Applikatioun vun der Aide de relance an der Aide aux coûts non couverts.